Buerg vu Franchimont
Ausgesinn
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Belsch | ||||
Plaz | Theux | ||||
Koordinaten | 50° 31’ 40’’ N 05° 49’ 26’’ O |
D'Buerg vu Franchimont ass eng Buerg an der belscher Gemeng Theux an der Provënz Léck.
Déi mëttelalterlech Buerg gouf do op engem Fielsvirspronk gebaut fir den Dall vun der Hoëgne ze kontrolléieren a war e wichtegt Element bei der Verdeedegung vum Prënzbistum Léck. Se gouf am 17. Joerhonnert demilitariséiert.
Mam Bau vun der Buerg war am 10. Joerhonnert ugefaange ginn an et war déi ëstlechst Festung vum Lécker Land an et war eng vun den zwielef Festunge vum Prënzbistum wovun déi bekanntst op de Maarken am Weste stoungen an zwar Fosses an Thuin an am Süden d'Buerg vu Bouillon. Do derbäi koumen nach d'Stadfestunge vun Dinant, Huy a Léck.